Erzéier Fir Eis Stationär Ariichtungen

Fondation Kannerschlass-Soleuvre, Luxembourg

D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert:
Erzéier (M/F/d):
CDI 20-40 Stonnen/Woch

Referenz : SA-EDU

Dës Poste betreffen eis stationär Ariichtungen. An dësen Foyere wäerte 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer opgeholl ginn. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefsstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.

Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.

Missiounen:

  • aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer
  • individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer
  • aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner

Noutwendeg Kompetenzen:

  • Diplom vum Educateur diplômé
  • Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen
  • Bereetschaft op Schichten ze schaffen
  • Beherrsche vun den 3 Landessproochen
  • Fürerschäin B
  • Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.

D’Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.