Auxiliaires de Vie (M/w/d) Maison Gisèle Et

Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf-Mersch, Luxembourg

Beschreiwung
Är Aufgaben:

  • Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung ;
  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner an Jugendlechen an eisem Wunngrupp ;
  • Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechter/innen ;
  • Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen ;
  • Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an

Äre Profil:

  • En unerkannten Diplom als Auxiliaire de vie mat der “autorisation d’exercer”
  • Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen
  • a léisungsorientéiert Denken an Handelen
  • Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
  • Dir sidd disponibel a motivéiert fir variabel Aarbechtszäiten, dat heescht Dag
  • an Nuetsschichten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen.
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
  • Dir hutt e Führerschäin B

Mir bidden:

  • Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner
  • a Jugendhëllef
  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht an dynameschen Teams
  • Weiderbildungen, Fallsupervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik)
  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
  • Sympass Kaart

Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Liewenslaf mat Foto
  • Motivatiounsbréif
  • Kopie vum Diplom
  • Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French